CAMGAG Photobooth 2018-02-09T15:42:48+00:00
Camgag Photobooth Lëtzebuerg
Camgag-Photobooth: spaasseg Selfie'en fir ären Event

CAMGAG Photobooth

Spaass an eng onvergiesslech Erënnerung an all Event!

Den CAMGAG Photobooth ass en Highlight fir all Event, egal op Privatparty oder Firmenfeier. Eisen Photobooth gëtt schnell zu enger flotter Attraktioun bei ären Gäscht, déi mat vill lusteg Accessoiren Spaass mécht. Am plus hunn är Gäscht eng eemoleg Erënnerung an Form vun professionellen Foto’en, héichwäerteg ausgedréckt oder digital.

Dat bescht: Är Gäscht kennen hir Biller direkt online deelen, op Facebook an Twitter – eng besser Reklamm wei natierlechen Social Media Hype gëtt et net.

vun 399 € un / pro Event

Hochzäit – Firmenfeier – Chrëschtfeier – Gebuertsdag – Disco Owend – Autosfestival – Promoaktioun – Produkt Launch – an nach villes méi

Disponibilitéit préiwen

(gratis an onverbindlech)

Wat kann eisen CAMGAG Photobooth?

Den CAMGAG ass zur Zäit wuel deen héichwäertegsten Photobooth hei zu Lëtzebuerg. Mat senger professionellen Spigelreflex Kamera, TTL Blëtz, Profi-Drucker an engem groussen Touchscreen mat intuitiver Handhabung. Alles an engem eleganten an kompakten boîtier: nëmmen een Knäppchen uschalten, an lass geet et! Spaass an eemoleg Foto’en, iwwert déi sech Gäscht an och den Gastgeber freeën.

10 Grënn
vir wat dir onbedéngt den CAMGAG Photobooth wëllt

Vill Spaass mam CAMGAG

En onvergiesslechen Spaass mam Photobooth

Ob eleng oder als Grupp, ob witzeg, eescht oder cool – et entstinn ëmmer flott Biller mam CAMGAG Photobooth. Ausdrécken, oder per Twitter an Facebook deelen, mat all dengen Frënn oder Kollegen hei zu Lëtzebuerg.

Disponibilitéit préiwen

(gratis an onverbindlech)

Witzeg Accessoiren fir är Party-Selfien

Vill verschidden Accessoiren fir all Occasioun!

An all eisen Offeren ass een Starterpack mat witzegen Photobooth Accessoiren dran. Fir Hochzäiten, Gebuertsdag, Chrëschtdag, Silvester, Halloween, St Patrick’s Day an vill aner Evenementer hu mir speziell Premium Set’en déi dir kennt derbäi buchen.

Disponibilitéit préiwen

(gratis an onverbindlech)

Lustige Fotos mit Freunden und Familie

Keen Fotograf, keng Hemmungen

Sinn mir mol éierlech: Partyfotografen nerven, egal ob Profi oder Tatta Annie. Mat dem CAMGAG brauch sech keen méi ze genéieren. Et gëtt keng peinlech Posen oder verréckten Grimassen, den CAMGAG veruerteelt keen, hien liwwert nëmmen héichwäerteg Erënnerungen un en flotten Owend.

Disponibilitéit préiwen

(gratis an onverbindlech)

Verschidden Hannergrënn

Passend fir all Event

Egal ob Privatfeier oder Firmenfeier, den CAMGAG ass ëmmer genau richteg. Hien liwwert ëmmer gutt Biller, verschaaft allen Bedeelegten vill Spaass, an et huet een Méiglechkeet seng Biller direkt online ze deelen. Weist ären Frënn an Famill wat si grad fir en flotten Owend verpassen oder suergt fir en natierlechen Social Media Marketing.

Disponibilitéit préiwen

(gratis an onverbindlech)

Eng elegant Presentatioun fir ären Event

Perfekten Marketing fir Firmen

Den CAMGAG Photobooth verleet är Client’en an Gäscht derzou hier Biller op Social Media Plattformen ze deelen – natierlech mat ärem Logo op all Bild. Och Foto’en landen net einfach an der Poubelle, am verglach zu normalen Flyer’en. Natierlechen Marketing war nach ni méi einfach an Käschten effikass.

Disponibilitéit préiwen

(gratis an onverbindlech)

Sou einfach funktionéiert den CAMGAG Photobooth!

Mir kéinten elo nach vill verschidden Argumenter opféieren, firwat eisen Photobooth sou beléift zu Lëtzebuerg ass, awer mir maachen et méi einfach: mir hunn en flotten Video gedréint, deen iech an manner wei 2 Minutten erkläert, wei den CAMGAG funktionéiert. 2 Minutten, an dir sidd iwwerzeegt.

Okay, awer wat soen eis Client’en?

Fir eis ass dat wichtegt en zefriddenen Client. Dowéinst loossen mir si elo mol zu Wuert kommen.

Ech war ganz iwwerrascht wei vill Undrang beim Photobooth war. Hei zu Lëtzebuerg sinn Leit oft en bëssi méi schei an zréckhalend, an dofir hunn ech meng Kollegen bal net erëmerkannt, vëlleg entspaant an ouni Hemmungen. Mir haten während der Party sou vill Spaass, an dono nach eng kéier, wei mir eis déi ganz Foto’en zesummen ugekuckt hunn. Ech brauch sou eppes onbedéngt fir meng nächst Gebuertsdagsparty.

Pascal Macchi

Eis Firmenfeier dëst Joer gouf duerch en besonneschen Highlight gekréint: Den CAMGAG Photobooth. Et ass ëmmer lusteg bei ons, an ech hätt net geduecht dat et nach ze toppen ass. Et war wierklech eng super Saach, an nächst Joer brauchen mir dat onbedéngt erëm. Biller sinn am Firmennetz ëmmer nach den Hit!

Marianne Linster
Mir haten den Photobooth fir eis Hochzäit gebucht, zesummen mat der Gästebuch-Optioun. Mir hunn eis iwwert déi schéin Foto’en an déi léif Wieder gefreet, Ergebnis ass eng eemoleg Erënnerung un en wonnerschéinen Moment. Merci nach eng kéier. An wéinst der Online Funktioun konnt eis Famill am Ausland un der Feier mat deel huelen, mir hunn hinnen vill Foto’en gemailt.
Myriam Meister

Frënn haten mir den Camgag recommandéiert, an si haten Recht. Mir haten sou vill Spaass mam Photobooth, bestëmmt huet eis ganzt Eisléck héieren laachen. Egal et war super witzeg, an mir haten mega Spaass.

Carlo Paul

Nach Froen?

Mir hunn d’Äntwerten!

An eiser Starter-Offer ass schonn eng Drock-Flatrate mat dran: Dir kënnt also sou vill Foto’en wei dir wëllt maachen.

Den CAMGAG Photobooth huet als eenzegt Gerät hei zu Lëtzebuerg Méiglechkeet, Biller bequem an intuitiv op Social Media Plattformen ze posten, an dat dank sengem groussen Touchscreen. Email an QR-Code Download sinn och méiglech. Mir kënnen äre Logo (an Logo’en vun Sponsoren) op all Bild placéieren, do duerch gëtt all gedeelte Bild automatesch eng Reklamm fir iech, äert Event, är Mark oder ären Produkt. An net vergiessen: am Géigesaz zu normalen Flyer’en, déi schnell an Poubelle fléien, geheit keen seng Foto (mat ärem Logo) ewech.

Déi eenzegaarteg Kombinatioun aus professioneller Spiegelreflex Kamera an Profi-Drucker erméiglecht et eisem Photobooth direkt op der Platz héichwäerteg Biller ze liwweren, dat kann soss keen aneren Apparat zu Lëtzebuerg. Den 10 x 15 Zentimeter Format op Héichglanz-Pabeier bitt den Gäscht eng edel Erënnerung un den Event.

An all eisen Offeren ass schon een Accessoire-Sparterpak am Präis mat dran. Am plus hu mir Accessoiren als Optioun fir all är Fester, egal op Hochzäit, Gebuertsdag oder Chrëschtdag. Mir hunn en risegen Choix un verschidden Accessoiren fir all Occasioun – mir hëllefen iech gär weider!

Entdeckt elo den CAMGAG Spaass zu Lëtzebuerg!

Sidd dir bereet fir en riesen Spaass op ärem Event? Eisen Photobooth steet elo schonn fir iech bereet: mellt iech einfach bei eisem Team zu Lëtzebuerg, an mir suergen dofir dass den CAMGAG op ärem Event zu engem groussen Erfolleg gëtt.

Kontaktéiert eis!

D’CAMGAG Lëtzebuerg Team berot iech gären weider, fir dass ären Event zu engem groussen Erfolleg gëtt! Préift elo op eisen beléiften Photobooth zu ärem Wonschdatum nach frei ass, dass gratis an onverbindlech!

Camgag logo

den Event-Spaß vun Camgag Lëtzebuerg

17 Kinnikshaff
L-8838 Wahl
Luxembourg

Tel.: (+352) 621 68 34 35
Email: info@camgag.lu


WONSCHDATUM & FERFÜGBARKEET PRÉIWEN